Op den Inhalt sprangen

D'Astellungen

Vu LuKey Wiki

Fir d'Astellungen opzemaachen, tippt am Tab Notizen uewe lénks op d'Zännrad. Mat Fäerdeg maacht Dir se nees zou.

Ännerunge gëllen direkt, fir d'App a fir d'LuKey-Tastatur.

Sprooch vun der App

Den Ufank vun den Astellungen: Sprooch vun der App, Sproocherkennung, Vokabulär
Den Ufank vun den Astellungen: Sprooch vun der App, Sproocherkennung, Vokabulär

Sprooch vun der App: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch oder Sprooch vum iPhone. Si gëllt fir d'App an d'LuKey-Tastatur.

D'Sprooch, an där Dir diktéiert, ännert sech domat net.

Déi selwecht Astellung fannt Dir och an den Astellunge vum iPhone ënner Apps › LuKey › Sprooch.

Sproocherkennung

  • Transkriptioun: Online (LuxASR-API) oder Lokal (LuxASR medium-v1). Kuckt Online oder Lokal?
  • Lokale Modell (just mat Lokal): den Download an d'Virbereedung vum Modell. Kuckt De lokale Modell.

Erkennung

D'Astellunge mat Online: Geschwate Sprooch, Spriechertrennung, Hesitatioune behalen, Upload-Format
D'Astellunge mat Online: Geschwate Sprooch, Spriechertrennung, Hesitatioune behalen, Upload-Format

Dës Astellunge gëtt et just mat Online:

  • Geschwate Sprooch: Lëtzebuergesch oder Däitsch.
  • Spriechertrennung: trennt den Text vu méi Spriecher, zum Beispill bei engem Gespréich.
  • Hesitatioune behalen: Hesitatioune si Fëllpause wéi ëëë oder äh. Standardméisseg ginn se ewechgelooss.
  • Upload-Format: WAV (16 kHz) ass d'Format, dat LuxASR recommandéiert. AAC brauch ongeféier 8× manner mobil Donnéeën.

Vokabulär

Hei kënnt Dir Nimm, Plazen a Begrëffer opschreiwen, déi LuKey richteg schreiwe soll, zum Beispill: Iechternach, Weiswampach, Préizerdaul.

  • Déi wichtegst als éischt, mat Kommae getrennt.
  • Schreift just Wierder op, déi Dir wierklech sot. Soss kënnen se änlech Wierder an Ärem Text ersetzen.

Dat Vokabulär gëllt fir Online a fir Lokal.

Automatesch ofschléisse bei Rou

D'Astellungen Rou-Schwell, Ofschléissen no an d'Astellunge vun der Tastatur
D'Astellungen Rou-Schwell, Ofschléissen no an d'Astellunge vun der Tastatur

Nodeems Dir geschwat hutt, gëtt d'Opnam automatesch ofgeschloss an transkribéiert, soubal et eng Zäit roueg ass.

  • Rou-Schwell: ënner wéi engem Peegel et als roueg gëllt. Dat ass déi orange Markéierung um Peegel wärend der Opnam. Wann ëm Iech vill Kaméidi ass, setzt d'Schwell méi héich.
  • Ofschléissen no: wéi laang et roueg muss sinn (standardméisseg 3 Sekonnen). Op Aus setzen, fir ëmmer selwer ofzeschléissen.

Tastatur

  • Beim Opmaache Mikro aschalten: de Mikro geet un, all Kéier wann Dir d'LuKey-App opmaacht. Esou ass d'LuKey-Tastatur direkt prett. Eréischt wann Dir op Diktéieren tippt, gëtt opgeholl.
  • Mikro bleift prett: wéi laang de Mikro nach un bleift, nodeems Dir d'App verlooss oder fir d'lescht diktéiert hutt (1 bis 30 Minutten, standardméisseg 5).
  • Tastaturlayout: QWERTZ, QWERTY oder AZERTY. Dir kënnt och op der Tastatur op d'Etikett QWERTZ tippen.
  • Haptesche Feedback: den iPhone vibréiert liicht, wann Dir eng Tast dréckt.
  • Automatesch Groussschreiwung: den éischte Buschtaf vun engem Saz gëtt grouss geschriwwen.
  • Tastatur-Autorisatiounen…: weist den Tab Autorisatiounen.

Méi iwwer de Mikro: De Tastatur-Mikro.

Notizen

D'Astellungen Notizen importéieren a Iwwer
D'Astellungen Notizen importéieren a Iwwer

Notizen importéieren…: liest e Fichier mat exportéierten Notizen a füügt se derbäi. Dat geet och, wann nach keng Notizen an der App sinn, zum Beispill nodeems Dir d'App nei installéiert hutt.

Fir Notizen z'exportéieren, tippt an der Lëscht vun den Notizen op Auswielen, wielt se aus a tippt op Exportéieren. Kuckt Notizen exportéieren an importéieren.

Diagnos

Diagnos gëtt et just an der Betaversioun (TestFlight). Do stinn technesch Informatiounen iwwer d'Transkriptiounen mat Lokal, déi mir hëllefe kënnen, e Problem ze fannen. Dir kënnt se kopéieren a mir mat Ärem Feedback schécken.

Iwwer

  • Iwwer LuKey: wien d'App entwéckelt huet a firwat, an den Dateschutz.
  • Projetssäit vu LuKey: d'Websäit vum Projet.
  • Iwwer LuxASR: d'Sproocherkennung, d'Modeller an hir Lizenz.

Ganz ënnen steet d'Versioun vun der App, zum Beispill „LuKey 1.0 (7)“. Gitt se w.e.g. un, wann Dir e Feeler mellt.