Froen an Äntwerten
Allgemeng
Wat heescht „LuKey“?
LuKey steet fir LUxembourgish KEYboard, Englesch fir „Lëtzebuergesch Tastatur“. Bis November 2026 huet d'App Diktatur geheescht.
Kascht LuKey eppes?
D'Betaversioun iwwer TestFlight ass gratis.
Op wéi engen Apparater leeft LuKey?
Op engem iPhone mat iOS 17 oder méi nei. Fir Lokal braucht Dir en iPhone 12 Pro, 13 Pro, 14 oder méi nei. Et gëtt keng extra Versioun fir den iPad oder de Mac.
A wéi enge Sprooche kann ech diktéieren?
Op Lëtzebuergesch. Mat Online kënnt Dir an den Astellungen och Däitsch als geschwate Sprooch wielen. Franséisch an Englesch ginn net erkannt.
Dateschutz
Wat geschitt mat menger Stëmm?
- Mat Lokal gëtt Är Stëmm op Ärem iPhone transkribéiert a verléisst en ni.
- Mat Online gëtt den Audio un de LuxASR-Server vun der Universitéit Lëtzebuerg geschéckt. Laut der Universitéit bleiwen d'Donnéeën zu Lëtzebuerg, et gi keng Fichiere gespäichert an näischt gëtt fir Training benotzt oder un Drëtter weiderginn.
LuKey schéckt den Audio just, wann Dir eng Opnam ofschléisst oder transkribéiere loosst, net wärend Dir schwätzt.
Liest d'Tastatur mat, wat ech tippen?
Nee. D'Tastatur schéckt ni dat, wat Dir tippt, iergendwouhin. Si sammelt a späichert och näischt dovun.
Firwat brauch d'Tastatur „Vollen Zougrëff“?
Ouni vollen Zougrëff kann eng Tastatur net mat hirer App kommunizéieren. De „Vollen Zougrëff“ brauch een, fir datt d'Tastatur an d'App op Ärem iPhone Diktat-Befeeler a Resultater austausche kënnen.
Mat Online freet d'Tastatur och virum Diktéieren de LuxASR-Server, ob en disponibel ass, héchstens eng Kéier pro Minutt an ouni Audio oder Text ze schécken.
Firwat gesinn ech en orange Punkt uewen um Ecran?
Den orange Punkt weist, datt de Mikro un ass. iOS erlaabt Tastaturen net, de Mikro ze benotzen, dofir hält d'LuKey-App en am Hannergrond ugeschalt, fir datt d'Tastatur direkt diktéiere kann.
Eréischt wann Dir op Diktéieren tippt, gëtt opgeholl. De Mikro geet aus, wann d'App eng Zäit am Hannergrond war, ouni datt diktéiert gouf. Dir kënnt en och direkt am Tab Tastatur-Mikro ausschalten.
An den Astellungen ënner Tastatur kënnt Dir d'Zäit méi kuerz setzen (Mikro bleift prett), oder Beim Opmaache Mikro aschalten ausschalten, da geet de Mikro net méi un, wann Dir d'App opmaacht. Kuckt De Tastatur-Mikro.
D'Tastatur
Firwat geet d'LuKey-App op, wann ech op Diktéieren tippen?
iOS léisst Tastaturen de Mikro net benotzen. Wann de Mikro aus ass, mécht d'LuKey-App sech op, fir en unzeschalten. Tippt dann uewe lénks op ◀︎, fir zréck an Är App ze goen, a schwätzt.
Wärend e puer Minutten duerno fänkt d'Opnam direkt op der Tastatur un.
Ech fannen d'LuKey-Tastatur net.
- Iwwerpréift, ob se dobäigesat ass: Astellunge vum iPhone › Apps › LuKey › Tastaturen.
- Haalt an engem Textfeld d'🌐-Tast gedréckt a wielt LuKey.
Kuckt D'LuKey-Tastatur dobäisetzen.
Op der Tastatur geschitt näischt, wann ech op Diktéieren tippen.
Wahrscheinlech feelt de vollen Zougrëff. Maacht de Tab Autorisatiounen an der LuKey-App op: do gesitt Dir, wat feelt, an de Knäppchen Astellungen opmaachen féiert Iech op déi richteg Plaz.
Firwat ass „Diktéieren“ gro?
An der LuKey-App selwer kann d'LuKey-Tastatur just tippen. Fir an der App ze diktéieren, benotzt de Mikro an der Notiz.
Firwat steet „Virbereeden“ amplaz „Diktéieren“?
Mat Lokal muss de Modell no all Update vu LuKey oder vum iOS nees fir Ären iPhone virbereet ginn. Tippt op Virbereeden: LuKey geet op a preparéiert de Modell (oder luet en eréischt erof, wann en nach net do ass). Bleift an der LuKey-App, bis et fäerdeg ass (ongeféier zwou Minutten), a gitt dann zréck an Är App fir ze diktéieren. Kuckt Firwat muss de Modell nees virbereet ginn?
D'Virbereedung dauert méi laang wéi ugekënnegt.
D'Zäit, déi d'App uweist, ass eng Schätzung, bis Ären iPhone de Modell eng éischt Kéier virbereet huet. Si hänkt vum iPhone-Modell of a vun deem, wat en nach alles mécht. Wann Dir d'App verloosst, hält d'Virbereedung op a fänkt méi spéit nees un.
Wann et vill méi laang dauert wéi ugekënnegt, sot mer w.e.g. Bescheed, mat Ärem iPhone-Modell an der Zäit, déi et gedauert huet.
En Diktat mat der Tastatur huet opgehalen, oder den Text ass ni komm.
Wann de Späicher knapp gëtt, kann iOS d'LuKey-App am Hannergrond zoumaachen, virun allem mat Lokal. Tippt nach eng Kéier op Diktéieren: wann de Mikro aus ass, geet d'App op a schalt en un.
Wann dat dacks geschitt, mellt et w.e.g., a sot, wat Dir gemaach hutt an a wéi enger App Dir geschriwwen hutt.
LuKey seet, LuxASR wier iwwerlaascht.
De LuxASR-Server huet grad vill ze dinn oder ass net disponibel. Dir kënnt Op Lokal wiesselen oder Trotzdeem weider maachen. Kuckt Wann LuxASR iwwerlaascht ass.
- Wa LuKey et net iwwerpréiwe konnt, seet d'Tastatur Iech dat héchstens eng Kéier am Dag. Iwwerpréift Är Internetverbindung.
- Op luxasr.uni.lu weist eng Luucht nieft dem Formulaire, wéi et dem Server geet: giel oder rout heescht, datt en iwwerlaascht ass.
- An der App geet eng Opnam, déi net transkribéiert konnt ginn, net verluer: Dir kënnt se mat Nach eng Kéier méi spéit transkribéiere loossen oder verwerfen.
- An der Tëschenzäit kënnt Dir an den Astellungen ënner Sproocherkennung op Lokal wiesselen.
D'Sproocherkennung
Brauch ech Internet?
Mat Online jo. Mat Lokal net: just eng Kéier, fir de Modell erofzelueden. Duerno kënnt Dir och am Fligermodus diktéieren.
Ech kann „Lokal“ net wielen.
De lokale Modell brauch en iPhone mat mindestens 6 GB Aarbechtsspäicher: iPhone 12 Pro, 13 Pro, 14 oder méi nei. Op aneren iPhonen (zum Beispill iPhone 11, 12, 13 oder SE) ass just Online méiglech.
Wéi kréien ech Nimm richteg geschriwwen?
Schreift se an den Astellungen an d'Vokabulär, zum Beispill Iechternach, Weiswampach, Préizerdaul. Schreift just Wierder op, déi Dir wierklech sot.
Den Text huet Feeler.
- Kuckt fir d'éischt, wéi eng Sproocherkennung Dir benotzt: den Tab Tastatur-Mikro weist et. Online benotzt e méi grousse Modell an ass méi genee wéi Lokal. Wann Dir Lokal benotzt, probéiert Online an den Astellungen ënner Sproocherkennung.
- Schwätzt kloer, net ze séier an net ze wäit ewech vum Mikro, a vermeit Kaméidi ronderëm.
- Benotzt d'Vokabulär fir Nimm a Fachbegrëffer.
- Dir kënnt den Text ëmmer duerno änneren.
Wann d'Sproocherkennung um Enn vun engem Text déi selwecht Wierder ëmmer erëm schreift, läscht LuKey d'Widderhuelungen automatesch.
D'Opnam hält vum selwen op.
Dat ass d'automatescht Ofschléissen: wann Dir geschwat hutt an duerno e puer Sekonnen näischt sot, gëtt d'Opnam ofgeschloss. Dir kënnt d'Zäit an den Astellungen änneren oder op „Aus“ setzen.
D'Opnam hält net op, obwuel ech näischt soen.
Wahrscheinlech ass et ronderëm ze haart. Setzt d'Rou-Schwell an den Astellungen méi héich, oder tippt selwer op Ofschléissen.
Notizen
Ginn d'Notizen tëscht mengen Apparater synchroniséiert?
Nee. D'Notize sinn just op Ärem iPhone. Fir se op en aneren iPhone ze bréngen, kënnt Dir se exportéieren an do importéieren.
Wéi kann ech meng Notize sécheren?
- Exportéiert se an e Fichier, zum Beispill an iCloud Drive: kuckt Notizen exportéieren an importéieren.
- D'Notize sinn och an der normaler Sécherung vun Ärem iPhone (iCloud-Backup oder Computer).
Wann Dir d'App läscht, ginn d'Notizen och geläscht. Exportéiert se virdrun!
Feedback a Problemer mellen
Feedback ass ëmmer wëllkomm!
- An TestFlight (dat ass am einfachsten fir d'Beta): maacht e Screenshot an der LuKey-App, tippt op d'Miniatur ënne lénks an dann op de Knäppchen, fir der Beta Feedback ze ginn. Oder maacht d'App TestFlight op, wielt LuKey an tippt op de Knäppchen, fir Feedback ze schécken.
- Per E-Mail: gerard.kieffer@ikmail.com
- Oder als Kommentar op der Projetssäit vu LuKey.
E Problem ass vill méi einfach ze léisen, wann ech genee weess, wat Dir gemaach hutt. Kopéiert w.e.g. dës Virlag a fëllt se aus:
iPhone-Modell an iOS-Versioun: Versioun vu LuKey (ganz ënnen an den Astellungen): Sproocherkennung: Lokal / Online Wou: an der LuKey-App (Notizen) oder mat der Tastatur, a wéi enger App? Wat ech gemaach hunn, Schrëtt fir Schrëtt: Wat ech erwaart hunn: Wat amplaz geschitt ass (Feelermeldung kopéieren): Wéi dacks: ëmmer / heiansdo / eng Kéier Bei falsche Wierder: wat ech gesot hunn, a wat LuKey geschriwwen huet:
Bei Problemer mat Lokal hunn d'Testversiounen och Astellungen › Diagnos: do stinn d'Lued- an Transkriptiounszäite vun de leschten Diktater. Tippt op Kopéieren a setzt d'Lëscht an Är Noriicht. Si enthält weder Audio nach Text.